Keng Loun-Indexéierung trotz Inflatioun
08/07/2022
Trotz der Inflatioun vum Konsumentepräisindex an der Iwwerschreidung vun der Schwelle fënnt d'Loun-Indexéierung dëse Mount net statt.
D'2,5%eg Indexéierung vun de Léin a Pensiounen gëtt laut dem rezent ënnerschriwwene Gesetz op Abrëll 2023 verréckelt.
Am Géigenzuch gëtt en Energie-Steierkrédit (CIE) op déi nächst Gehaltsabrechnungen derbäigesat.
De CIE bedreet 84€ netto fir Léin ënner 3667€ brutto de Mount.
Fir Leit mat méi héijem Gehalt gëtt de CIE-Betrag méi niddreg sinn.
De CIE verschwënnt am Abrëll 2023 bei der nächster Indexéierung.
Quell statec.lu